|
Häerzlech wëllkomm op der Homepage vum Bouser Spektakel Asbl. Eise Veräin as den 23.7.1997 vun enger Dozen theaterbegeeschtert Leit gegrënnt gin. Déi Meescht vun hinnen haten sech hir Akteurs-Erfahrung ugesammelt andems se eng Partie Joaren mam Bouser Gesank op de Brieder stoungen. Well et dem Gesank awer op eemol net méi méiglech woar fir nach weider Theatervirstellongen ze organiséieren, an d’Grënnongsmembere vun eisem Veräin des Traditioun awer erhale wollten, hu sie kurzerhand de Bouser Spektakel a.s.b.l. gegrënnt. Sie hun domat duerfir gesuergt, dass och an der Joren duerno an der Bouser Gemeng gudden Theater ugebuede konnt gin. Dass d’Erhale vun deer Traditioun sech gelount huet beweisen déi vill Zuschauer, déi sech all Joer nees op Bous bewegen wann et heescht:”De Bouser Spektakel presentéiert…” Wann et nemmen iergendwéi méiglech as, versiche mir nei Aktricen an Akteuren ze fannen, an op d’Leit lasszeloosen, well neit Blout deet engem Veräin emmer gudd. Déi Meescht vun denen déi eng Kéier matgespillt hun, woare sou begeeschtert, dass sie eisem Veräin bäigetruede sin an nach haut theaterverréckt sin. De Veräin as awer och interesséiert Leit opzehuelen, déi net sou begeeschtert sin fir während de Virstellongen iwert d’Bühn ze spazéieren, mee virun de Virstellongen, d.h. déi gären derbäi sin fir d’Bühn opzeriichten, ze dekoréieren, etc…En uspriechend Bühnebild ze presentéieren as nämlech och eng grouss Erausfuederong, déi mir all Joer versichen unzehuelen. Wann der lo Loscht kréit huet fir an eisem Veräin aktiv ze gin, dann kennt dir Äech bei eis mellen. Francis Lippert President |